Details

ISBN/EAN: 978-9-99594-351-6
Weitere Details
Erschienen am:
Umfang:
LXXX

Hersteller:
capybarabooks
Susanne Jaspers
jaspers@capybarabooks.com
52, rue de Colmar-Berg
LU 7525 Mersch
www.capybarabooks.com

Weitere Details arrow_forward_ios

Uerdnung muss sinn

De Kmio spréngt aus der Këscht

12,00 €
inkl. MwSt.

Nachfragen

Beschreibung

A sengem One-Man-Owend schafft de Christian Kmiotek mam Publikum drun, déi aktuell Theemen anzeuerdnen, auszesortéieren, zerklären an nei ze tässelen. Mat spatzer Zong, Niveau an Humor hëlt hien aktuell Phänomener ënnert dLupp: vum Alginn a vum Schwäerme vu fréier, iwwert den SUV an de Recycling, vu Verschwörungstheorien a bronge Gesellen, Dommheet an Nationalismus, bis zum alldeegleche Wansinn an der Famill an um Büro. Alles, wat de Christian Kmiotek an eiser verwurrelter Welt zum Staune bréngt a wat eis all beweegt, gëtt op dSchëpp geholl, mol bësseg, mol nodenklech. Heiansdo spréngt hien och aus der Këscht an déi hien dach eigentlech Uerdnung brénge wollt.

Über Christian Kmiotek

De Christian Kmiotek, Joergang 1960, ass ewell bal en halleft Joerhonnert op de Lëtzebuerger Bünen ze gesinn, haaptsächlech op Lëtzebuergesch an op Däitsch. Dosende Filmrollen an nationalen an internationale Produktioune gehéieren och zu sengem Liewenslaf. Hannert de Kulisse war de Christian aktiv an der Theaterfederatioun, an der Kulturfabrik, bei Samsa Film an als Beroder vum Kulturministère a vun der Europäescher Kommissioun. De »Kmio«, wéi e vu ville genannt gëtt, huet schonn e puer Mol e ganzen Owend solo op der Bün gemeeschtert. Allerdéngs ass »Uerdnung muss sinn« déi éischte Kéier, wou hien och den Text zu sengem Optrëtt selwer geschriwwen huet. Wéi de Kmio 2020 no siwejäreger Presidence vun der grénger Partei seng politesch Ämter a jonk Hänn ginn huet, war endlech de Moment komm, wou hien dësen Häerzensprojet an Ugrëff huele konnt.